D‘Olympesch Spiller si sou no wéi nach ni u Lëtzebuerg drun a sou héiert een ëmmer méi dacks, wéi vill Leit dann och d‘Chance haten, fir Ticketen ze kréien. Ma d‘Olympiaféiwer ass awer och nach op ganz anere Plazen ukomm an déngt och fir Inspiratioun. Sou hu sech véier Alters- a Fleegeheemer zesummegedoen, fir Senior Olympics hei am Land auszedroen.
D‘Fleegeheem „Op Lamp“ vu Waasserbëlleg, de Cipa „Gréngewald“ vun Nidderaanwen, d‘Fleegeheem „An de Wisen“ vu Beetebuerg an de Cipa 2 “Op der Waassertrap“ vu Bieles hunn hir bescht Ekippe geschéckt, fir bei de Senior Olympics matzemaachen.
4 Ekippe vu 6 triede wärend véier Deeg an de verschiddensten Disziplinne géinteneen un. Dorënner zum Beispill Cornhole, wou ee probéieren muss, Säckelcher, déi gefëllt si mat Sand, duerch e Lach ze schéissen, Volleyball am Sëtzen oder och nach Minigolf. All Haus konnt sech selwer zwou Disziplinnen eraussichen, déi si wollten ubidden an hunn dann och d‘Reegelen opgestallt.
A wéi sech dat bei olympesche Spiller gehéiert, gouf et och eng Erëffnungsfeier mat Amarsch an de grousse Festsall zu Waasserbëlleg. Et ass eng Aktioun, wou de sportlechen Aspekt am Vierdergrond steet, ma wou et awer och ëm de sozialen Impakt geet. Et wier flott, well ee sou d‘Geleeënheet kritt, nei Leit kennenzeléieren an och ze gesinn, wéi et an anere Fleege- an Altersheemer ausgesäit. D‘Participante waren op jiddefalls begeeschtert vun der Aktioun a sou ass ee schonn amgaangen ze iwwerleeën, ob een déi och nees d‘nächst Joer soll widderhuelen. Och wann déi richteg olympesch Spiller nëmmen all véier Joer sinn.
D‘Senior Olympics – eng Aktioun ganz am Zeeche vum Sport, dem Zesummenhalt an der Freed dorunner, och nach am drëtten Alter aktiv ze sinn an ze bleiwen.
Eng Spuer vun Olympia: “Et geet net ëm d’Gewannen, mee drëm, dobäi ze sinn”