
D’Ekipp ass schonns zanter e puer Deeg zesummen am Stage, ier et dann e Freideg a Litauen geet. Bannent 10 Deeg gi 4 Matcher gespillt. An dat ass schonns ongewinnt an och eng Première fir d’ Nationalekipp. Déi zwee éischt Matcher muss d’FLF-Formatioun auswäerts spillen an dat op syntheteschen Terrainen a Litauen an op de Färöer Inselen. Aus der Siicht vum Nationaltrainer Luc Holtz ass dat fir seng Ekipp net vu Virdeel.
“Ech verstinn net, datt dat nach vun der UEFA toleréiert gëtt. Et ass fir mech een anere Futtball.”
Fir déi meeschte Spiller ass et ongewinnt, op syntheteschen Terrainen ze spillen. Dofir gëtt am Virfeld näischt dem Zoufall iwwerlooss, seet de Golkipp vun der FLF-Selektioun, de Ralph Schon.
“Dofir trainéiere mir elo och op syntheteschem Terrain déi Trainingen hei zu Lëtzebuerg, fir datt mir optimal drop virbereet sinn, fir géint Litauen an d’Färöer Inselen. Am Endeffekt ass et awer fir déi zwou Ekippen dat selwecht. Ech denken net, datt et een Nodeel ass. Natierlech ass et eng Ännerung. Mir mussen eis adaptéieren an eis Leeschtung och op syntheteschem Terrain bréngen.”
Lëtzebuerg spillt an der Nations League an der Liga C am Grupp 1. Géigner si Litauen, d’Färöer Inselen an d’Tierkei. Fir de Ralph Schon ass géint déi Géigner dat eent oder anert positiivt Resultat méiglech.
“Mir kennen an deene 4 Matcher Punkten huelen an dorops schaffe mir elo hin. Mir musse frësch sinn. D’Been wéi och mental. Et war awer eng laang Saison fir d’Spiller. Eisen Trainerstaff geréiert dat awer gutt. Mir wäerte prett si fir d’Matcher, wann et esou wäit ass.”
Nom Match géint Litauen spillen d’Lëtzebuerger en Dënschdeg op de Färöer Inselen. E Samschdeg 8 Deeg am Stade de Luxembourg géint Tierkei an Dënschdes drop op der selwechter Plaz géint d’Färöer Inselen.