Dirk Nowitzki am exklusiven RTL-Interview

© Jeff Kettenmeyer / RTL
De Jeff Kettenmeyer war zu Chicago dobäi, wéi d'Mavericks géint d'Bulls gewonnen hunn. Nom Match stoung den däitsche Superstar viru sengem Mikro.
Am Sportmagazin vum Mëttwoch den Owend nom Journal vun 18 Auer op Radio Lëtzebuerg goung et ëm ee vun de beschte Basketspiller op der Welt ...
Zanter 1998 spillt hien an der beschter Basketliga, déi et gëtt, nämlech der NBA. Hie gouf 2007 als beschte Spiller ausgezeechent a konnt 2011 mat sengem Veräin, den Dallas Mavericks, de Championstitel feieren.
D'lescht Woch, nom Match zu Chicago géint d'Bulls, huet de Jeff Kettenmeyer sech mam däitsche Superstar Dirk Nowitzki ënnerhalen.
Donieft goufen et fir de Lëtzebuerger Journalist och Andréck, wei et als Journalist am Alldag vun der NBA ofleeft.
Op d'mannst zwou Stonne virun engem NBA-Match soll een an der Hal sinn. Deen Dag ware knapp 100 amerikanesch Journaliste fir dës Partie tëscht den Chicago Bulls an den Dallas Mavericks accreditéiert.
Den offizielle Programm fänkt ronn 90 Minutte virum Match un. Béid Trainéiere sti virun de Kabinnen de Pressevertrieder Ried an Äntwert. Genee ëm dës Zäit kommen d'Spiller een nom aneren an de Vestiairen un, fir sech op déi 4 mol 12 Minutten ze präparéieren.
An dësem Fall souguer e bësse méi laang, well et ee vun deene Matcher war, iwwer déi an all Saisonréckbléck geschwat gëtt. Eréischt no zwou Verlängerungen, also allkéiers nach emol 5 Minutten, hunn d'Mavericks mat 132 op 129 géint d'Bulls d'Iwwerhand behalen.
"Genee fir sou Matcher lount et sech, och mat 36 Joer géint all Géigner alles ze ginn", sou den Dirk Nowitzki nom Match am RTL Interview.