Wann et enger Maschinn no geet, huet den engleschen Traditiounsveräin déi gréisste Chancen. Den Titelverdeedeger PSG steet just op der drëtter Plaz.

D'nächst Woch fänkt déi nei UEFA Champions League un. Wéi eng Ekippen hunn theoretesch déi gréisste Chancen op den Titel? Déi Fro huet elo den Opta-Supercomputer beäntwert. Dësen huet de ganzen Tournoi 10.000 mol duerchgespillt a simuléiert unhand vu sëllegen historeschen an aktuellen Donnéeën. Um Enn kënnt als warscheinlechste Gewënner den FC Liverpool eraus. Mat 20,4-prozenteger Warscheinlechkeet wäert den engleschen Traditiounsclub am Mee 2026 d'Coupe iwwerreecht kréien.

Déi zweetbescht Chancen op den Titel kritt mam FC Arsenal e weideren englesche Vertrieder ageraumt. Réischt op der drëtter Plaz daucht den Titelverdeedeger Paris Saint-Germain op. Manchester City, déi nach ëmmer net aus hirer Kris sinn, komme bëssen iwwerraschend op déi véiert Plaz am Ranking. Hannendru komme laut Supercomputer den FC Barcelona, Chelsea London, Real Madrid a Bayern München. D'Top 10 vun de Favoritten op den Titel gëtt komplettéiert vum Finalist vun der leschter Saison Inter Mailand a vun Newcastle United.

De Spillmodus vun der Champions League

D'Gruppephas gehéiert zanter der leschter Saison der Vergaangenheet un. An Zukunft gëtt a Form vun engem Ligasystem gespillt. All Veräin spillt véier Heem- a véier Auswäertsmatcher géint aacht verschidde Géigner - aus all Lousdëppen zwee.

Déi 36 Veräiner ginn an enger Tabell gefouert. Nodeems jidderee seng aacht Matcher gespillt huet, qualifizéiere sech d'Veräiner op de Plazen eent bis aacht direkt fir d'Aachtelsfinallen. D'Ekippen op de Plazen néng bis 24 spillen eng Playoff-Ronn, wärend d'Ekippen op de Plaze 24 bis 36 eliminéiert sinn.
Et réckelt keng Ekipp méi no an d'Europa League, respektiv d'Conference League.

D'K.o.-Phas fänkt net méi mat den Aachtelsfinallen un, ma mat enger Playoff-Ronn vun den Ekippen op de Plazen néng bis 24. Dobäi sinn d'Plazen néng bis 16 gesat, dat heescht, dës Teams spille géint d'Ekippen op de Plaze 17 bis 24. D'Playoff-Dueller ginn ausgeloust.

D'Gewënner vun de Playoff-Dueller treffen dann an den Aachtelsfinallen op déi scho qualifizéiert Ekippen. Och déi Matcher ginn ausgeloust, a bei der Auslousung vun den Aachtelsfinalle gëtt och de Rescht vum Tournoi bestëmmt.

All d'K.o.-Dueller ginn am gewinnte Modus mat Allers- a Retourmatcher gespillt.

D'Matcher an der Ligaphas:

1. Spilldag: 16.-18. September 2025
2. Spilldag: 30. September-1. Oktober 2025
3. Spilldag: 21./22. Oktober 2025
4. Spilldag: 4./5. November 2025
5. Spilldag: 25./26. November 2025
6. Spilldag: 9./10. Dezember 2025
7. Spilldag: 20./21. Januar 2026
8. Spilldag: 28. Januar 2026

D'Matcher an der K.o.-Phas:

Playoffs vun der K.o.-Phas: 17./18. & 24./25. Februar 2026
Aachtelsfinall: 10./11. & 17./18. Mäerz 2026
Véierelsfinall: 7./8. & 14./15. Abrëll 2026
Halleffinall: 28./29. Abrëll & 5./6. Mee 2026
Finall: 30. Mee 2026 (Budapest). Déi wäert neierdéngs schonn um 18 Auer ugepaff ginn.

Op RTL kënnt Dir och dës Saison nees d'Champions League live suivéieren.