Fréiere Futtball-Star9 Joer Prisong fir de Brasilianer Robinho

RTL Lëtzebuerg
Déi italienesch Justiz huet de fréiere Futtball-Star vum AC Mailand zu 9 Joer Prisong verurteelt.
© AFP (Archiv)

E Geriicht huet en Donneschdeg d’Urteel géint den 100-fache brasilianeschen Nationalspiller confirméiert, deen 2013 un enger Gruppevergewaltegung zu Mailand soll bedeelegt gewiescht sinn. Deemools stoung den haut 36 Joer ale Robinho beim AC Mailand ënner Kontrakt.

De Brasilianer selwer seet weiderhin, hie wier onschëlleg. Bannent 90 Deeg kann hien an Appell goen.

D’lescht Saison huet de Robinho nach fir Istanbul Basaksehir gespillt an ass do Champion ginn.

Back to Top
CIM LOGO