No Blessure vu Jelinic a Kohl
Handball Esch engagéiert de Spyridon Cherouveim

No deenen zwou uerge Blessure vum Mario Jelinic an dem Max Kohl huet den Handball Esch reagéiert an en neie Spiller engagéiert.
Déi Responsabel vum Handball Esch hunn de Griich Spyridon Cherouveim, dee schonn an der Saison 2015/2016 fir de Veräin aus dem Süde gespillt huet, verflicht.
De Spiller aus Griichenland kënnt vum däitsche Veräin Eintracht Hildesheim (2. däitsch Bundesliga) an huet e Kontrakt bis 2019 ënnerschriwwen.
Am meeschte gelies