Den Allermatch war e Freideg den Owend, de Retourmatch gëtt schonn den dag drop gespillt - dat och zu Käerjeng.

Am Handball huet am europäeschen Challenge Cup den HB Käerjeng den Aller-Match géint Shakhtar Donezk aus der Ukrain mat 32-30 gewonnen.

Déi Gréng vu Käerjeng waren no 11 Minutten 8-4 vir. Si sinn do an e Lach gefall a kruten en 0-5 géint sech geschoss.

Virum Säitewiessel hate si nees eng besser Phas. An der Paus war d'Lokalequipe um Käerjenger Dribbel mat 18-15 am Avantage.

Eng Véierelsstonn virun Enn war de Käerjenger Ecart ëm 1 Goal geklommen beim Resultat vu 24-20.

Ee Moment war d'Lokalequipe esouguer 7 Goaler am Avantage.

Den Ecart ass an der Schlussphas geschmolt, well déi Käerjenger net méi esou konzentréiert gewierkt hunn.

De beschte Käerjenger Marqueur bei der 32:20-Victoire war den Tom Meis mat 6 Goaler.

De Retourmatch ass schonn um Samschdeg an dat um 18 Auer.