BundesligaHoffenheim wënnt 4:1 géint Bayer Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
An enger Partie fir den 27. Spilldag an der Football-Bundesliga huet Hoffenheim mat 4:1 géint Bayer Leverkusen gewonn.

Bayer hat gutt ugefaang, mee d’TSG huet an der 10 Minutt direkt déi éischt Golchance dragemaach duerch ee Schoss vum Belfodil. 7 Minute méi spéit war et d’Äntwert vu Leverkusen mat engem Kappball vum Volland: 1:1.

An der 2. Halschent war et den 2:1 duerch ee Selbstgol vum Bender an der 51., een zweete Gol vum Belfodil an der 61., also 3:1, an d’Entscheedung duerch de 4:1 vum Kramaric an der 79. Minutt. Endresultat: 4:1.

Back to Top
CIM LOGO