Wéi de Progrès Nidderkuer mellt, wiesselt den Tim Hall an d'Ukrain bei Karpaty Lviv an déi éischten Divisioun.

Bei Lviv spillt den 22 Joer alen Defenseur elo zesumme mat sengem fréiere Matspiller vum Progrès, dem Marvin Martins. Mam Gerson Rodrigues, dee vir Dynamo Kiew opleeft, spillen elo 3 Lëtzebuerger an der Ukrain.