Inclusioun iwwer de Sport fërderen
E Samschdeg de Mëtteg haten d‘Lux Rollers op een Tournoi zu Jonglënster an der Sportshal op Fréinen invitéiert.
Hei waren Ekippen aus Däitschland a Frankräich ageluede ginn. Dësen Tournoi hat awer net nëmmen ee sportlechen Aspekt, mä et wollt een och e wichtege Message iwwermëttelen.
Inclusioun duerch Sport, dat ass ee ganz wichtege Message , deen d‘Lux Rollers de Leit wëlle matginn.
Souwuel bei de Lux Rollers, wéi och bei all deenen aneren Ekippe spille Leit mat Behënnerung mat an och Leit ouni. Deemno ee Sport fir jiddereen an deementspriechend ginn d‘Lux Rollers och op all d‘Leit zou, fir ze rekrutéieren.
E Samschdeg de Mëtteg hat een dann och ee klenge Workshop organiséiert, wou jidderee sech probéiere konnt. Souwuel grouss wéi kleng hu sech hei och gutt ameséiert.
Wichteg fir d‘Lux Rollers ass et och, esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzt ze ginn an dat vu ville Säiten.
Aus sportlecher Siicht spillen d‘Lux Rollers dës Saison an der Regionalliga, dat nodeems een d‘lescht Joer nach an der 2. Bundesliga gespillt huet. Den Tournoi e Samschdeg war dann och als Preparatioun fir déi nei Saison wichteg.
Dat well ee vill Spiller verluer huet an een och mat Blessure geplot ass, ma nawell wëll een d‘nächst Saison mat uewe bäi spillen, deemno wëll ee sech ënnert den éischten 3 placéieren.
Wat den Tournoi ugeet, do ware 6 Ekippen dobäi an an der Gruppephas konnten d‘Lux Rollers all eenzele Match gewannen. An der Halleffinall huet ee sech du géint Bad Kreuznach duerchgesat.
An der zweeter Halleffinall stounge sech du Kaiserslautern a Wiesbaden géigeniwwer. No enger spannender Partie stoung Wiesbaden dunn als zweete Finalist fest. D‘Ekipp aus Däitschland huet sech dunn an der Finall och nach géint d'Lux Roller duerchgesat, fir den Tournoi ze gewannen.
Dotëscht war dann och nach ee Match, wou e puer Promie matgespillt hunn, ënnert anerem och de Frank Muller vum T71 Diddeleng, wou ee gesinn huet, dass et och fir e Basketspiller net evident ass esou ze spillen. Mat Chance kënnen d‘Lux Rollers awer an Zukunft mam Frank Muller als Matspiller rechnen.
De 6. Oktober fänkt dann déi nei Saison un. Do kréien d‘Lux Rollers et dann am Reha-Zenter mat Wiesbaden a Kaiserslautern ze dinn, déi och e Samschdeg beim Tournoi dobäi waren.