Beim Mini-Tournoi an der EM-Qualifikatioun an Nordmazedonien huet déi Lëtzebuerger U19-Futtballnationalekipp och hiren drëtten a leschte Match verluer.

Déi jonk Rout Léiwen hu sech mat 0:3 géint hir Alterskolleegen aus Nordmazedonien misse geschloen ginn.

An der Ofschlosstabell kënnt d'FLF-Formatioun mat 0 Punkten, 0 Goler geschoss an 8 Goler geschoss kritt, op déi 4. a lescht Plaz. Op d'Positiounen 1 bis 3 kommen England, Nordmazedonien a Bosnien-Herzegowina.