Den Dän Henrik Kristoffersen huet sech no engem staarken 2. Duerchgang um Sonndeg de Mëtten d'Victoire zu Levi geséchert.

Bei staarkem Niwwel a Schnéifall louch nom 1. Duerchgang de Fransous Clément Noel mat 0,39 Sekonne virum Brit Dave Ryding a 0,66 Sekonne virum Schwäizer Ramon Zenhäusern a Féierung.

Am 2. Duerchgang konnt de Clément Noel seng däitlech Féierung net iwwert d'Zillinn bréngen, sou dass den 22-järege Fransous um Enn op déi 2. Plaz kënnt. Gewonnen huet de Slalom den Henrik Kristoffersen mat 9 Honnertstel virum Clément Noel an 18 Honnertstel virum Schwäizer Daniel Yule.