Zu Bukarest war e Samschdeg d'Auslousung vun de Gruppephase vun der Endronn vun der Futtball-Europameeschter 2020.

20 Natiounen hunn hiren Ticket fir d'EM 2020 scho gebucht. Dorënner Portugal, Frankräich, d'Belsch, Däitschland, Italien, Russland, Polen, Ukrain, Spuenien, England, Tschechien, Tierkei, Finnland, Schweden, Éisträich, Kroatien, Schwäiz, Dänemark, Holland a Wales. Déi aner 4 Ekippe ginn am Mäerz bei de Playoffen ermëttelt.

Gruppen am Iwwerbléck

Grupp A
Tierkei
Italien
Wales
Schwäiz

Grupp B
Dänemark
Finnland
Belsch
Russland

Grupp C
Holland
Ukrain
Éisträich
Playoff-Gewënner D (A)

Grupp D
England
Kroatien
Playoff-Gewënner C
Tschechesch Republik

Grupp E
Spuenien
Schweden
Polen
Playoff-Gewënner B

Grupp F
Portugal
Frankräich
Däitschland
Playoff-Gewënner A (D)

Wou gëtt gespillt?

D'EM 2020 gëtt jo iwwer de ganzen europäesche Kontinent verstreet an 12 Länner gespillt. Hei den Iwwerbléck mat de Plazen, wou gespillt gëtt.

Wéini gëtt gespillt?