E Samschdeg gouf et op der Schanz vu Ruka zu Kuusamo a Finnland fir d'zweete Kéier dës Saison eescht fir d'Spëtze-Schisprénger.

Den Norweger Daniel-André Tane huet d'Schisprange vu Ruka gewonnen, dat eigentlech virum Marius Lindvik aus Norwegen an dem Peter Prevc aus Slowenien.

Ma béid kruten awer eng nodréiglech Strof, soudatt den Éisträicher Philipp Aschenwald an de Slowen Anze Lanisek op d'Plazen 2 an 3 nogerutscht sinn.

Déi däitsch Karl Geiger a Richard Freitag haten näischt mam Ausgang vun dëser Kompetitioun ze dinn.