De 25 Joer ale Lëtzebuerger Nationalspiller hat dës Saison ee ganz schwierege Stand bei sengem Veräin Legia Warschau.

Elo schéngt awer den Tabellendrëtten aus der Ukrain sech fir de Philipps ze interesséieren. Géif de Chris Philipps bei Zorya Luhansk ënnerschriwen, wier hien de 4. Lëtzebuerger, deen et an d'Ukrain zitt.

De Gerson Rodrigues spillt jo fir den Tabellennoper Kiev. Den Tim Hall an de Marvin Martins stinn allebéid bei Karpaty Lviv ënner Kontrakt.

Dem Chris Philipps säi Kontrakt bei Legia Warschau leeft iwwregens just nach bis den 31. Dezember 2019.