D’Amicale Steesel huet e Méindeg decidéiert, fir de Rescht vun der Saison awer net mat 3 Profien ze spillen. Déi Decisioun huet de Comité getraff.

Steesel hat e Samschdeg géint Hesper 3 Profien agesat an deelweis fir hefteg Reaktiounen gesuergt.

D’Amicale hofft des Weideren drop, datt aner Veräiner, déi bei Hären oder Dammen, 3 Non-JICL Spiller asetzen, dëst iwwerdenken.