DFB PokalStuttgart géint Mönchengladbach a Leipzig géint Bochum

RTL Lëtzebuerg
Weider Matcher sinn ënnert anerem Dortmund géint Paderborn a Wolfsburg géint Schalke.
© AFP (ARCHIV)

Um Sonndeg den Owend goufen d’Aachtelsfinallen am DFB Pokal ausgeloust. Deen eenzegen Amateur Veräin, deen nach derbäi ass, Rot-Weiß Essen, spillt géint de Gewënner aus dem Match Eintracht Frankfurt géint Bayer Leverkusen. Den Titelverdeedeger Bayern München, wa si hire Match géint Kiel gewannen, kritt et mat Darmstadt aus der 2. Liga ze dinn. Iwwerdeems kritt Stuttgart Besuch vu Borussia Mönchengladbach.

1/16-Finall Matcher Leverkusen - Frankfurt (12. Januar) sou wéi och Kiel - Bayern München (13. Januar) mussen nach nogeholl ginn. Matcher vun der 1/8-Finall ginn dann den 2. an 3. Februar gespillt.

Den Iwwerbléck vun all de Matcher

Rot-Weiß Essen – Leverkusen/Frankfurt

Regensburg – Köln

Leipzig – Bochum

Wolfsburg – Schalke

Stuttgart – Gladbach

Kiel/Bayern – Darmstadt

Bremen – Fürth

Dortmund – Paderborn

Back to Top
CIM LOGO