Wéi de Veräin e Mëttwoch den Owend op Facebook matgedeelt huet, hätt hien de Kampf géint seng schlëmm Krankheet verluer.

Um Ufank vun der Saison 2019/2020 war den Denis Pfeiffer zesumme mam Cheftrainer Marc Thomé bei den FC Victoria komm. Virdrun huet den Duo Thomé/Pfeiffer schonn als Trainerstaff bei de Veräiner CS Gréiwemaacher, FC Déifferdeng 03 a Jeunesse Esch an der BGL Ligue zesumme geschafft.

Den Doud vum Denis Pfeiffer wier en immens grousse mënschleche Verloscht, sou de Marc Thomé an enger éischter Reaktioun dem FC Victoria Rosport géintiwwer.

D'RTL-Redaktioun dréckt der Famill hiert déifste Matgefill aus.