En Donneschdeg huet den FC Déifferdeng 03 en éischten Transfert fir hir Dammenekipp annoncéiert. D'Marisa Soares kënnt vu Mamer bei den FCD03.

Déi 28 Joer al Lëtzebuerger Nationalspillerin wäert domat de Kader vum Trainer Serge Bix verstäerken an ënnersträicht déi Déifferdenger Ambitiounen. Si ënnerschreift e Kontrakt vun 3 Joer beim FCD03. An den nächsten Deeg solle weider Transferten annoncéiert ginn.