No zwee Joer Corona-Paus huet sech de Luxembourg Beach Tour vum 29. bis den 31. Juli um Escher Gaalgebierg am ale Format zréckgemellt.

Iwwert de ganze Weekend gouf un engem Stéck Beach-Volleyball gespillt, dëst souwuel bei den Dammen, wéi och bei den Hären. E Sonndeg sollten dunn d'Decisiounen ëm d'Medaile falen.

Bei den Damme konnt sech den Duo Röper/Völz géint déi aner Konkurrentinnen duerchsetzen a Gold gewannen. Sëlwer geet un d'Koppel Ruellan/Čuboňová. Op der drëtter Plaz ass den Duo Delcourt/Dascălu gelant.

Bei den Häre geet d'Goldmedail un d'Koppel Arapi/Pavelka. Si konnte sech an der Finall géint den Duo Freidenfelds/Kolacny duerchsetzen. Bronze geet iwwerdeems un Hilbert/Zender.