No fënnef Spilldeeg gëtt et an der Naitonal Football League keng Ekipp méi, déi all hir Matcher gewanne konnt.

Et hat laang no enger einfacher Victoire fir d'Eagles doheem géint d'Broncos ausgesinn. 3:3 stoung et nom éischte Véierel a si konnte bis an de leschte Quarter eran hiren Avantage op 17:3 ausbauen. Ma nom Touchdown no ronn zwou an enger hallwer Minutt am drëtte Véierel ass bei den Eagles näischt méi gaangen. Offensiv koume si net méi an d'Spill an an de leschte 15 Minutten huet hir Defense och d'Broncos net méi ophale kënnen. Déi hunn eleng am leschte Véierel 18 Punkte gemaach a ware mat 84 Sekonnen nach op der Auer 21:17 am Avantage. D'Eagles kruten dunn zwar nach eng Kéier de Ball, konnten d'Rudder awer net méi ëmräissen. Esou verléiere si hir éischt Partie vun dëser Saison.

Och déi zweet bis ewell nach ongeschloen Ekipp sollt dëse Weekend net kënne feieren. D'Bills hunn nämlech ganz knapp 20:23 doheem géint d'Patriots verluer. Et war u sech eng ausgeglache Partie, bei där sech ni wierklech eng Ekipp richteg konnt ofsetzen. Beim Stand vun 20:20 an nach just knapp zwou Minutten op der Auer, hunn d'Bills de Ball kuerz virun der eegener Endzon verluer. D'Patriots hunn dunn e bëssen op Zäit gespillt a mat nach 59 Sekonnen op der Auer e Fieldgoal markéiert. Déi lescht knapp Minutt sollt de Bills net méi duergoen, fir zeréckzekommen, an esou verléiere si hir éischt Partie fir dës Saison mat 20:23.

Et gouf dann dëse Weekend och nach zwou weider Premièrë fir dës Saison. D'Saints an d'Titans konnten hir Partien nämlech gewannen. D'Ekipp vun New Orleans konnt doheem vun de Feeler vun den Giants profitéieren a 26:14 gewannen an d'Titans hu sech bei de Cardinals ganz knapp mat 22:21 duerchgesat. D'Jets bleiwen domadder déi eenzeg Ekipp, déi dës Saison nach keng Victoire konnt huelen. Si hunn doheem kloer mat 37:22 géint d'Cowboys verluer.

D'Resultater am Iwwerbléck

San Francisco 49ers - Los Angeles Rams 26:23
Minnesota Vikings - Cleveland Browns 21:17
Houston Texans - Baltimore Ravens 44:10
Miami Dolphins - Carolina Panthers 24:27
Las Vegas Raiders - Indianapolis Colts 6:40
New York Giants - New Orleans Saints 14:26
Dallas Cowboys - New York Jets 37:22
Denver Broncos - Philadelphia Eagles 21:17
Tennessee Titians - Arizona Cardinals 22:21
Tampa Bay Buccaneers - Seattle Seahawks 38:35
Detroit Lions - Cincincati Bengals 37:24
Washington Commanders - Los Angeles Chargers 27:10
New England Patriots - Buffalo Bills 23:20

D'Chiefs spillen an der Nuecht op en Dënschdeg dann nach géint d'Jaguars. D'Steelers, d'Packers, d'Falcons an d'Bears ware spillfräi.