Ni an De Nutte verpasse Finall, dierfe sech awer iwwer Bronze freeën

© ATP
Op der Europameeschterschaft am Dëschtennis zu München goufen d'Sarah De Nutte an d'Ni Xia Lian am Dubbel an den Halleffinallen eliminéiert.
Si verléieren hire Match géint déi rumänesch Koppel Samara/Gragoman mat 1:3 (11:6, 6:11, 9:11 a 6:11). Domadder verpassen d'Ni Xia Lian an d'Sarah De Nutte d'Finall op den Europameeschterschaften, ma dierfe sech awer iwwert d'Bronzemedail freeën.
D'Ni Xia Lian konnt sech en Donneschdeg an der 1/16-Finall vum Eenzel mat 4:3 (2:11, 8:11, 11:9, 11:7, 9:11, 11:2 an 11:5) géint d'Franséisin Prithika Pavade duerchsetzen. Et war e serréierte Match. E Freiden geet et fir d'Lëtzebuergerin weider. An den Aachtelsfinalle geet et géint d'Rumänin Bernadette Szocs.
Schreiwes vum Sportsministère
Ni Xia Lian et Sarah de Nutte: Rebelote – Encore BRAVO! (18.08.2022) | |
| |
| |
Après leur performance historique aux championnats du monde de tennis de table en novembre 2021 à Houston, Ni Xia Lian et Sarah de Nutte ont réitéré leur exploit réalisé aux championnats d’Europe d’Alicante en 2018 par une nouvelle médaille de bronze cette fois-ci au championnat d’Europe de tennis de table à Munich. Mes plus sincères félicitations pour ce nouveau succès, fruit d’un travail assidu et minutieux. À Ni Xia Lian, bonne chance et pleine réussite pour la suite de son parcours dans le tournoi simple dames. s. Georges Engel |