Dëschtennis: 1. Bundesliga
Luka Mladenovic klappt Simon Gauzy, éischt Victoire fir Mainz

© Manfred Schillings / FLTT (Archiv)
E Sonndeg huet Mainz mam Lëtzebuerger Nationalspiller Luka Mladenovic um 4. Spilldag déi éischt Victoire an der 1. Bundesliga am Dëschtennis gefeiert.
Mainz konnt sech iwwerraschend mat 3:1 géint Ochsenhausen duerchsetzen, dobäi huet de Luka Mladenovic op en Neits fir eng Iwwerraschung gesuergt, wéi hie sech am éischte Match mat 3:2 géint de Simon Gauzy duerchsetze konnt. De Fransous ass d'Nummer 28 an der Weltranglëscht. Schonns um 1. Spilldag konnt de Lëtzebuerger mat enger 3:0-Victoire géint den Omar Assar iwwerzeegen, d'Nummer 21 vun der Welt.
Am meeschte gelies