Am Härevolleyball deit sech eng spannend Saison un

© AFP
Dëse Weekend ass den Optakt vum Championnat am Härevolleyball.
Nodeems de VC Stroossen an der leschter Saison all d'Titelen ofgeraumt hat, hunn d'Männer vum Massimo Tarantini de leschte Samschdeg den éischten Titel vun der Saison awer verpasst. An engem ganz serréierte Match war et de Volley Bartreng, dee sech a fënnef Sätz de Supercup 2022 geséchert huet. Wéinst der dach bosseger Auslousung an der Coupe d'Europe kënnt et an den nächste Wochen nach op d'mannst véier Mol zum Duell tëschent den Noperen.
Déi nei Transferte bei de Bartrenger, dorënner mam Jaromir Kolacny ee vun de beschten Ugräifer zu Lëtzebuerg, hunn deemno voll ageschloen. De Stroossener Kapitän Gilles Braas üübt awer och Kritik un der eegener Ekipp:
"Jo also de Supercup ass gespillt, deen ass natierlech net esou verlaf, wéi mir et ons virgestallt haten. Déi Defaite ass zu 100 Prozent ons eege Schold. Ech mengen esou schlecht hu mir schonn eng Zäitchen net méi gespillt an et sinn einfach immens vill Facteure beienee komm, souwéi immens vill eege Feeler. Mir waren einfach immens onkonstant. Dobäi hate mer awer nach vill Verletzungen a Krankheeten, déi ons e bësse gehemmt hunn. Mä ech denken, datt dat definitiv net dat Stroossener Gesiicht ass, wat een an der Saison gesi wäert. Et war fir ons e klenge Wake-Up-Call, fir awer ze gesinn, datt déi aner Ekippen och staark sinn. Bartreng huet sech definitiv gutt verstäerkt an et wäerte sécherlech spannend Matcher géint si ginn."
An net nëmmen de Volley Bartreng dierft dëst Joer zu den Haaptkonkurrente vum Rekordchampion zielen. Och de CHEV Dikrech huet sech gutt verstäerkt, ma dat war och néideg, esou hire President Patrick Wagner:
"Mir hu virun allem probéiert, d'Ekipp nach weider ze completéieren a méi e grousse Kader ze hunn. Et muss een awer och soen, datt mer trotzdeem och dräi Ofgäng hunn, bei deenen et fir d'éischt dorëms gaangen ass, dës ze kompenséieren. Mir hunn insgesamt, mengen ech, eng gutt Ekipp dostoen, déi kompetitiv ass. De Playoff ass dowéinst onst Mindestzil."
De véierten Halleffinalist vun zejoert, de VC Fenteng, huet eng sëllege Spiller un aner Veräiner missen ofginn. Sollte si sech net weider verstäerkt kréien, dann dierft et eng schwéier Saison fir de Champion vun 2018 ginn.
Dofir sollt een awer nees de VC Luerenzweiler mat op der Rechnung hunn. Virun allem wann den Tomasz Pavelka sech vu senger Verletzung erholl huet. Donieft huet sech de VC Belair weider verstäerkt a wëll de positiven Trend vun de leschte Jore weiderféieren.
Den Escher Volleyball Club geet mam Spillertrainer Juan Carlos Blanco an déi nei Saison an et dierf ee gespaant sinn, wéi hien déi Duebelbelaaschtung meeschtere wäert.
De Volleyball Iechternach, dee sech seng Plaz an der Novotel League déi lescht Saison nach am Barrage sécher konnt, wëll dëse Risiko net méi agoen an huet d'Ambitioun, déi nei Saison op d'mannst op der sechster Plaz ofzeschléissen.
All d'Matcher kann ee wéi gewinnt an der RTL Sport Live Arena op RTL.lu suivéieren.