D'Lëtzebuerger Häre stinn am nächsten Tour

© Facebook/FLTT
Um Samschdeg ass déi Lëtzebuerger Härennationalekipp am Dëschtennis an déi 1. Phas vun der EM-Qualifikatioun gestart.
Nom 1. Dag stoung d'Lëtzebuerger Härennationalekipp am Dëschtennis als Gruppevainqueur fest an zitt domadder an déi 2. Phas vun der Qualifikatioun an.
D'FLTT-Formatioun huet sech e Samschdeg de Moie mat 3:0 géint Bulgarien duerchgesat. Um Owend huet een sech och mat 3:0 géint Israel behaapt.
Fir Lëtzebuerg hunn den Eric Glod, de Luka Mladenovic an de Maël van Deesel a béide Matcher d'Punkte gemaach. Géint Israel huet just den Eric Glod ee Saz missen ofginn.
Um Sonndeg huet sech Israel déi zweete Plaz am Grupp geséchert, dat duerch een 3:1-Succès géint Bulgarien. Israel steet domadder nieft Lëtzebuerg am nächsten Tour vun der Qualifikatioun fir d'EM.