D'Lëtzebuerger Dëschtennis-Dammen hu sech a Serbien mat 3:1 duerchgesat an en éischte Schratt a Richtung Qualifikatioun fir d'EM 2023 zu Malmö gemaach.

Am 1. Match huet sech d'Sarah de Nutte misse mat 0:3 géint déi serbesch Nummer 1 Sabina Surjan geschloe ginn. D'Ni Xia Lian konnt duerch en 3:1-Erfolleg awer ausgläichen.

Eng ganz staark Performance huet d'Tessy Gonderinger gewisen. D'Nummer 302 vun der Weltranglëscht huet sech mat 3:1 géint d'Andrea Todorovic, déi 181 Plaze besser klasséiert ass, duerchgesat a konnt d'Rout Léiwinne mat 2:1 a Féierung bréngen. Den 3. an decisive Punkt huet d'Ni Xia Lian mat engem 3:1-Erfolleg gemaach.

Nächste Géigner vu Lëtzebuerg de 19. Dezember ass Éisträich. D'Team-Europameeschterschafte bei den Dammen an den Häre gi vum 10. bis de 17. September 2023 zu Malmö gespillt.