Am Allersmatch vun der 1/16-Finall am Challenge Cup huet Stroossen mat 0:3 géint Orion Doetinchem aus Holland verluer.

Souwuel den éischte wéi och den zweete Saz huet Stroossen an der eegener Hal mat 20:25 verluer. Am 3. Saz ass d'Heemekipp bis zum Schluss drubliwwen, mee déi Manche sollt awer mat 25:22 un d'Hollänner goen.

De Retourmatch ass déi nächst Woch an Holland.