
© RTL (Archiv)
An der Nationaldivisioun am Dëschtennis war e Samschdeg d’Suite vum 7. Spilldag.
Nodeems Hueschtert-Foulscht viru knapp enger Woch scho mat 6:0 géint Eiter-Waldbriedemes gewonnen huet, waren dëse Weekend déi reschtlech Matcher vum Spilldag.
Am Spëtzematch vum Spilldag setzt Lénger sech souverän mat 6:4 zu Berbuerg duerch an iwwerhëlt d’Tabellespëtzt, allerdéngs mat engem Match méi wéi Hueschtert-Foulscht.
An engem enke Match tëscht Diddeleng an dem DT Union heescht et um Enn 5:5, soudass et kee Gewënner gëtt.
Obwuel den Houwald beim DT Rued zweemol a Réckstand geréit, kënne si d’Partie nach dréinen a setze sech mat 6:3 duerch.
Recken deet sech schwéier géint den DT Esch ABOL, gewënnt awer um Enn mat 6:4. Esch waart domat weiderhin op déi éischt Victoire vun der Saison.