Stroossen gewënnt souverän géint Luerenzweiler

© AFP / Archiv
Donieft klappt Bartreng Iechternach, wärend Walfer bei den Dammen de Spëtzematch géint d’Gym gewënnt.
E Samschdeg den Owend war bei den Dammen a bei den Hären de 7. Spilldag vum Championnat am Volleyball.
Hären
Am Spëtzematch vum Spilldag ass et zum Duell tëscht de béiden nach ongeschloenen Ekippe komm, nämlech Stroossen a Luerenzweiler. Déi favoriséiert Stroossener hunn allerdéngs vun Ufank u keng Zweiwel opkomme gelooss, wéi eng Ekipp weider ouni Néierlag sollt bleiwen. Sou wënnt d’Lokalekipp däitlech mat 3:0 (25:18, 25:16, 25:14) géint Luerenzweiler a steet elo eleng un der Tabellespëtzt.
Donieft huet Iechternach sech doheem misse mat 1:3 (17:25, 25:19, 13:25, 14:25) géint Bartreng geschloe ginn. D’Haushären hunn zwar duerch ee staarken zweete Set egaliséiert, fir méi sollt et awer net duergoen.
De Chev Dikrech konnt sech doheem mat 3:1 (25:19, 25:22, 20:25, 25:15) géint de VC Fenteng behaapten.
Fir den Escher VBC gouf et géint de VC Belair eng knapp Heemnéierlag. 1:3 (23:25, 25:21, 22:25, 21:25) huet et um Enn aus Escher Siicht geheescht.
Resultater Hären
Dammen
Schonn am fréie Nomëtteg hat Mamer keng Problemer zu Péiteng an huet sech souverän mat 3:0 (25:18, 25:14, 25:18) duerchgesat.
Och fir déi Bartrenger Damme gouf et eng däitlech Victoire. Zu Iechternach konnt ee sech mat 3:0 (25:4, 25:10, 25:16) behaapten.
Fir de Chev Dikrech gouf et doheem géint Stengefort näischt ze huelen. Um Enn huet ee sech misse mat 0:3 (11:25, 18:25, 20:25) geschloe ginn.
Am Spëtzematch vum Spilldag ass Walfer op d’Gym Volley getraff. Den Titelverdeedeger ass hei senger Roll als Favorit gerecht ginn an huet d'Partie um Enn mat 3:0 (25:20, 25:15, 32:30) fir sech entscheet. Trotz däitlechem Réckstand huet d’Gym sech net opginn a wier bal nach zum 1:2 komm, ma déi Walfer Dammen hunn et dozou komme gelooss a bleiwen domat ongeschloen.