Favoritte setze sech duerch

© AFP / Archiv
Um 9. Spilldag hu sech d'Favoritte keng Bléisst ginn, souwuel bei den Häre wéi bei den Dammen.
Am Volleyball-Championnat ass dëse Weekend den 9. Spilldag.
Hären
E Sonndeg hat Stroossen keng Problemer mat Iechternach an huet sech um Enn 3:0 (25:15, 25:18, 25:22) duerchgesat. Domat bleiwen déi Stroossener ouni Punktverloscht un der Tabellespëtzt.
De VB Iechternach huet sech schonn e Samschdeg mat 3:1 (25:16, 25:22, 21:25, 25:23) géint de Belair duerch a ka sech e bësse vun de leschte Plazen am Klassement ofsetzen.
Fenteng konnt just am éischte Saz mat Bartreng mathalen, verléiert déi zwee aner Sätz zimmlech kloer. Um Enn trenne sech Fenteng a Bartreng 0:3 (23:25, 17:25, 18:25).
De VC Luerenzweiler ka sech ouni grousse Probleem mat 3:0 (25:17, 25:23, 25:20) géint den Escher VBC duerchsetzen a bleift um Champion Stroossen drun.
Resultater Hären
Dammen
Och e Sonndeg gouf et bei den Damme keng Iwwerraschungen, well d’Gym Volley sech souverän mat 3:0 (25:13, 25:17, 25:12) géint Péiteng behaapt huet.
Mamer hat e Samschdeg beim 3:0 (25:5, 25:11, 25:16) géint Iechternach keng Probleemer. Am éischte Saz huet Mamer kuerze Prozess mat de Gäscht gemaach an och déi Sätz duerno hunn d'Damme vu Mamer dominéiert.
De Match tëscht Stengefort a Bartreng war immens spannend, mat deem besseren Enn fir d'Gäscht vu Bartreng. D'Resultat 3:0 (25:21, 25:19, 25:19) fir Bartreng gesäit méi kloer aus, wéi de Match war.
Am drëtte Match um Samschdeg hat Walfer keng gréisser Probleemer mam Chev Dikrech. D'Walfer Damme gewannen an eegener Hal mat 3:0 (25:10, 25:19, 25:13) géint d'Gäscht aus dem Norden.