Recken, Houwald an Éiter-Waldbriedemes kommen an d’Playoffs

© RTL (Archiv)
E Samschdeg de Mëtteg war am nationalen Dëschtennischampionnat den 9. an domat leschte Spilldag vun der Virronn.
Wärend Hueschtert-Folscht, Lénger a Berbuerg scho fir d’Playoffs qualifizéiert waren, stinn elo mat Recken, Éiter-Waldbriedemes an dem Houwald och déi lescht dräi Ekippe fest.
Recken huet géint Diddeleng eng Victoire gebraucht, fir definitiv an d’NLA ze kommen. Um Enn ware si et och, déi sech mat 6:3 duerchsetze konnten an domat déi 4. Plaz an der Tabell beleeën.
Och den Houwald huet géint den DT Union Lëtzebuerg misse gewannen an huet dat och gemaach. 6:1 huet et um Enn geheescht, soudass een sech fir d’Playoffs qualifizéiere konnt.
An der Partie tëscht Rued an Éiter-Waldbriedemes ass et deemno ëm de leschten Ticket fir d’NLA gaangen. Rued hat géint ee Géigner, dee mat Ausfäll ze kämpfen hat, alles an der eegener Hand, ma fir eng Victoire sollt et net duergoen. 5:5 trenne sech béid Ekippen um Enn, an dat war fir Éiter-Waldbriedemes genuch, fir mat engem Punkt méi wéi Rued an d’Playoffs ze kommen.
Donieft huet Hueschtert-Foulscht sech am Spëtzematch 6:3 géint Lénger duerchgesat, wärend Berbuerg den DT Esch Abol mat 6:4 bezwénge konnt.