Den Thomas Keinath vum DT Recken am Portrait
Den DT Recken ass net nëmmen zeréck an der héchster Divisioun vum Dëschtennis-Championnat, ma huet e Samschdeg och de Sprong an de Playoff gepackt.
Ee Mann, deen dorunner e groussen Undeel huet, ass den Thomas Keinath, deen dës Saison bei de Reckener Veräin gewiesselt ass. Wat d’Karriär vum 45 Joer alen Dëschtennisprofi nach méi beandrockend mécht, ass de Fakt, datt hie bei wäitem net esou gutt héiert wéi aner Leit.
Am Alter vu 5 Joer hat den Thomas Keinath eng Mittelohrentzündung an héiert zanterhier am Ganzen nëmmen nach knapp 50%, op deem lénken Ouer e bësse méi, mee net all ze vill, wéi hie selwer seet. Den neie Reckener Spiller gesäit dat awer net onbedéngt ëmmer als Nodeel. Esou kann hie sech beispillsweis besser konzentréieren, wann de Géigner oder de Public méi haart ass. De gréissten Nodeel ass awer, datt hien de Ball net gutt oder deels guer net héiert an doduerch kann hie schlecht aschätzen, wéi de Ball ofspréngt a wat fir eng Rotatioun dran ass.
Den Däitsch-Slowak kann dann och op eng bis elo erfollegräich Karriär zeréckblécken. Wärend senger Zäit an der däitscher Nationalekipp huet hien ënnert anerem am Dubbel am Joer 2000 Bronze op den Europameeschterschafte gewonnen. Och haut huet den Thomas Keinath nach ëmmer ee richteg gudden Niveau, dat ënnert anerem well hien nach ëmmer dagdeeglech mat Spiller wéi der fréierer Nummer 1 vun der Welt, dem Timo Boll, trainéiert. Dëst si schonns vu kleng u seng Trainingspartner an e kennt se natierlech och nach aus der däitscher Nationalekipp.
Donieft ass hien och nach ëmmer an der ganzer Welt op Tournoien ënnerwee. Och hei kuckt d’Reckener Nummer 1 op flott Zäiten zeréck. Hien huet do ëmmer nees vill Leit kennegeléiert, d'Reesen huet him gefall an natierlech konnt hie säin Hobby zu sengem Beruff maachen.
Den DT Recken huet den Thomas Keinath awer net nëmmen als Spiller, ma och als Trainer engagéiert. De Veräin aus dem Zentrum vum Land huet déi lescht Jore virun allem duerch seng Jugendaarbecht iwwerzeegt an och do soll de Keinath mat senger ganzer Erfarung hëllefen an de Veräin weiderbréngen.
Beim DT Recken ass ee sech op alle Fall sécher, datt de Routinier dem Veräin spilleresch wéi och als Trainer hëllefe kann an de Veräin a senger Entwécklung weiderbréngt.