Mat Éisträich treffen d'FLTT-Dammen op en haarde Géigner
E Méindeg spillen déi Lëtzebuerger Dëschtennisdammen an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft géint Éisträich.
Am éischte Match hunn d'Lëtzebuergerinnen géint Serbien gewonnen. Dat ass elo och d'Zil géint Éisträich. Am Fall vun engem Succès géint Éisträich wier een der Qualifikatioun fir Team-Europameeschterschaft zu Malmö a Schweden nämlech ee gutt Stéck méi no. Dat gëtt awer alles anescht wéi einfach. Bei den Éisträicherinnen spillt mam Sofia Polcanova nämlech déi aktuell Nummer 1 an Europa, respektiv d'Nummer 13 an der Weltranglëscht. Fir de Coach vun de Lëtzebuergerinnen, Tommy Danielson, gëtt dat eng ganz schwéier Noss déi et ze knacke gëllt. "Éisträich gëtt eng schwéier Aufgab fir eis. Géint d'Nummer 1 Sofia Polcanova. Wa Si 2 Punkte géint eis mécht, musse mir all déi aner Matcher gewannen. Et ass net onméiglech. D'Ni Xia Lian ass gutt a Form an dofir ass et net onméiglech, datt mir géint d'Nummer 1 an Europa gewannen."
D'Nummer 2 vun de Lëtzebuergerinnen, Sarah de Nutte, ass sech bewosst, datt et en vue vun enger EM Qualifikatioun wichteg ass, de Match géint Éisträich ze gewannen. "Et ass wichteg ee Match entweder géint Éisträich oder géint Serbien ze gewannen. Serbien huet géint Éisträich gewonnen an dunn huet Éisträich nees géint Serbien gewonnen. Mir hunn 3-1 géint Serbien gewonnen. Dat war wichteg. Et ass wichteg, datt mir dru bleiwen an nach ee Match gewannen.
De Match gëtt e Méindeg an der Coque gespillt. Fir d'Sarah de Nutte a Co ass dat eng rar Opportunitéit, fir sech virun eegenem Public ze weisen. "Mir hu leider net oft d'Chance doheem ze spillen. Wat zimmlech schued ass. Dofir ass et extra, wann een eng Kéier virun esou vill Publikum doheem spillt. Ech hoffen, datt mir dat hikréien an de Leit ee schéine Match weisen."
Nieft dem Sarah de Nutte an dem Ni Xia Lian sinn och nach d'Tessy Gonderinger an d'Ariel Barbosa Deel vun der Lëtzebuerger Ekipp.