Bartreng dréint de Match géint Luerenzweiler

© Pressphoto / Archiv
An de reschtleche Matcher gouf et kloer Victoirë fir d'Favoritten.
Bei den Damme wéi bei den Häre war et den 10. Spilldag vun der Saison 2022/23.
Hären
De Volley Bartreng konnt no engem 0:2-Réckstand nach eng 3:2-Victoire (25:27, 18:25, 25:23, 25:19, 15:13) géint Luerenzweiler feieren. Den éischte Saz war knapp un d'Gäscht gaangen, am zweete Saz war de Virdeel vu Luerenzweiler méi kloer. Den drëtte Saz war den Optakt vun der Ophueljuegd vu Bartreng, déi no dëser Victoire bis op ee Punkt u Luerenzweiler eruréckelen.
Am Kellerduell ka sech de Belair mat 3:0 (25:18, 25:19, 25:21) géint den Tabellennoper Fenteng behaapten. Eréischt wéi de Match quasi decidéiert war, wollt Fenteng et nach eng Kéier wëssen an huet am drëtte Saz nach eng Kéier alles investéiert. De VC Belair hat den Ecart awer scho gemaach a konnt sech um Enn och den drëtte Saz sécheren.
De VC Stroossen hat keng Probleemer bei der 3:0-Auswäertsvictoire (25:19, 25:13, 25:11) zu Esch.
Resultater Hären
Dammen
Den Tabelleleader Walfer hat mam V80 Péiteng e ganz schwéiere Géigner op Besuch. An den éischten zwee Sätz konnt Walfer sech just mat enger knapper Avance duerchsetzen. Am drëtte Saz huet d'Lokalekipp de Match awer kloer fir sech entscheet a gewënnt um Enn mat 3:0 (25:23, 25:20, 25:15).
D'Gym gewënnt kloer mat 3:0 (25:14, 25:15, 25:11) zu Bartreng a bleift Tabellenzweeten hannert Walfer.
Mamer hat e bësse méi Schwieregkeete mat Stengefort, setzt sech um Enn awer och kloer mat 3:0 (25:19, 25:19, 25:15) duerch.