Hueschtert-Foulscht an Éiter-Waldbriedemes eliminéiert

© RTL-Archiv
Den Zweetdivisionär Iechternach ass och aus der Kompetitioun, geneesou wéi den Opsteiger Recken.
Um Samschdeg goufen d'Véierelsfinalle vun der Coupe am Dëschtennis an der Sportshal "Op Acker" zu Nidderkäerjeng gespillt. Et war eng gemeinsam Organisatioun vun der FLTT an dem Veräin DT Lénger.
Den Opsteiger Recken zitt mat 1:4 géint den Organisateur Lénger de Kierzeren. Den Zweetdivisionär Iechternach hat keng Chance géint Rued, de Gewënner vun der leschter Saison.
Eng Ronn weider ass dann och den Houwald. Géint de Finalist vun der leschter Saison Hueschtert-Foulscht gouf et eng 4:1-Victoire. Op Grond vun der Transfer-Reegel konnt den aktuelle Leader am Championnat nëmmen ee vun sengen dräi Spëtzespiller Zoltan Fejer-Konnerth, Mats Sandell a Gleb Shamruk asetzen. Um Enn gouf et deemno eng Defaite.
Dass Diddeleng eng kloer 4:1-Victoire feiere konnt, koum onerwaart, well Éiter-Waldbriedemes de Spillsystem an der Coupe u sech besser läit a si och an der Liga gutt am Flow sinn.