D'europäesch Dëschtennisfederatioun huet de Protest vum Lëtzebuerger Champion an der Europe Trophy ugeholl.

Deemno réckelt Hueschtert-Folscht elo an d'Finalronn no. Déi gëtt vum 17. bis den 19. Mäerz gespillt. Dee concernéierten Tour war mat 4 Ekippen zu London. D'Ekipp aus England hat mam Shaquille Webb Dixon e Spiller agesat, dee guer net hätt dierfe spillen. Dat war de Lëtzebuerger opgefall.

Elo goufen all d'Partië vun den Englänner mat enger 0:3-Defaite gewäert an Hueschtert-Folscht iwwerhëlt déi zweete Plaz an der Tabell vun der brittescher Ekipp an déi Plaz geet eben duer, fir weiderhin europäesch ze sinn.