Hueschtert/Folscht steet an der Finalronn vun der "Europe Trophy" am Dëschtennis

© RTL Archivbild
Bei der Ekipp vu London koum ee Spiller zum Asaz, deen net spillberechtegt war.
Am Dëschtennis steet Hueschtert/Folscht an der Finalronn vun der sougenannter "Europe Trophy". Dat nodeems de Protest vum Lëtzebuerger Champion géint den englesche Club vum europäesche Verband ugeholl gouf.
De Londoner Club huet deemno elo alleguerte seng Matcher 0:3 verluer. An doduercher ass Hueschtert/Folscht elo op déi zweete Plaz an der Tabell geklommen an ass elo weider um europäesche Parquet ënnerwee. Nieft dem Lëtzebuerger Veräin stinn nach 7 aner Clibb an der Final vun der "Europe Trophy". Gespillt gëtt an zwou 4er-Gruppen, wou allkéiers déi zwee éischt an d'Halleffinall kommen. Fir de Sekretär vun Hueschtert/Folscht, den Erny Decker, ass dat awer ee schwéiert d'Zil fir d'Lëtzebuerger.
"Gréisstendeels läit den Niveau vun deenen Ekippen iwwer eisem. Ech hu mir soe gelooss, dat Olympiakos aus Griicheland wiere ganz staark. Dat wier ee vun de Favoritte fir d'Finalronn ze gewannen. Et wäert fir eis net einfach ginn."
An der Final vun der "Europe Trophy" muss Hueschtert/Folscht mat deene Spiller untrieden, déi och hei am Championnat spillen. Et kann ee sech net fir déi Final verstäerken.
"Et kann ee kee Spiller huelen, deen net bei eis lizenzéiert ass. Mir wäerten awer kucken, mat deem komplette Kader unzetrieden an da kucke fir dat beschtméiglechst Resultat eraus ze huelen."
Wann een an enger europäescher Coupe spillt, dann heescht dat och, datt een déi néideg Sue muss opbréngen. "Et ass net esou, wéi am Futtball, wou deelweis Sue vun der UEFA iwwerholl ginn. ETTU bezilt kee Cent. Mir mussen elo kucken, wou mir musse hifueren an da kucken, wat dat kascht. Mir erwaarden eis awer och eng Hëllef vum Sport-Ministère. Do kritt een normalerweis gehollef, wann een europäesch spillt."
D'Finall vun der "Europe Trophy" gëtt vum 17. op den 19. Mäerz gespillt, et ass awer nach net gewosst wou. Hueschtert/Folscht ass awer net drun interesséiert, fir den Tournoi ze organiséieren.