Tournoi de Noël
Kölner Studente séchere sech 1. Plaz am Basket - Bréissel wënnt am Volleyball
Um éischten Dag vum traditionellen Tournoi de Noël hu sech d'Studenten aus ënnerschiddleche Cerclen am Volleyball an am Basket matenee gemooss.
Am Volleyball konnt sech de CELB aus Bréissel duerchsetzen. Mat an der Finalronn waren iwwerdeems d'Studente vun Innsbruck (LSI), Oochen (AVL), Freiburg (SLUF) a München (LSM) vertrueden a waren um Enn och an dëser Reiefolleg am Klassement placéiert.
Am Basket ass déi éischt Plaz un d'Kölner Studente vum LSC gaangen, déi zweet Plaz un d'Zürecher vum LSZ an déi drëtt un d'Oochener vum AVL.
E Mëttwoch moosse sech d'Lëtzebuerger Studente-Cerclen um Geesseknäppchen dann am Futtball.
Am meeschte gelies