Eric Glod an Ni Xia Lian klammen an der ITTF-Weltranglëscht

© Manfred Schillings
An der aktualiséierter Weltranglëscht vun der Internationaler Dëschtennisfederatioun hu sech d'Lëtzebuerger Spiller am Allgemenge verbessert.
Am Verglach mat der Woch vum 6. Dezember 2022 klëmmt den Eric Glod bei den Hären ëm Ganzer 41 Plaze vun 287 op 246 an iwwerhëlt domat de Luka Mladenovic, deen dräi Plaze verléiert an domat op Plaz 255 steet.
Bei den Dammen steet d'Ni Xia Lian op der éischter Plaz mat der Nummer 38 an der Weltranglëscht. Domat huet si sech ëm 4 Plaze verbessert. D'Sarah De Nutte verléiert zwar 9 Plazen, bleift awer op der zweeter Plaz bei de Lëtzebuerger Dammen. D'Melisa Sadikovic steet zwar um Schluss bei den Dammen, huet sech awer ëm 14 Plaze verbessert.
Am Dammen-Dubbel bleiwen d'Ni Xia Lian op der 3. Plaz an der Weltranglëscht. Den Eric Glod an d'Sarah De Nutte falen am gemëschten Dubbel ëm 6 Plazen, bleiwen awer op der Nummer 1 ënnert de Lëtzebuerger. D'Koppele Mladenovic/Ni a Glod/Gonderinger hu sech jeeweils ëm 7 Plaze verbessert.