Géigner vun de Lëtzebuerger sinn England, Irland an Däitschland
Vun e Freideg un a bis e Sonndeg nach mat ass am Gymnase vun der Coque déi 33. Editioun vum Novotel Cup fir Volleyball-Nationalekippen.
Iwwerdeems d'Lëtzebuerger déi lescht 2 Joer, Pandemie-bedéngt, keng Geleeënheet haten hiren Titel vun 2020 ze verdeedegen, ass d' Virfreed elo ëmsou méi grouss.
D'Géigner vun dëser Editioun heeschen Irland, England an d'U19- respektiv U20-Ekipp aus Däitschland.
Hären
War d'Lëtzebuerger Härenekipp virun 3 Joer nach nei zesummegewürfelt ginn, huet sech d'Ekipp ronderëm de Chris Zuidberg mëttlerweil fonnt.
Irland an England sollte Géigner sinn, déi fir Lëtzebuerger ze klappe sinn. Gespaant dierf ee sinn op den Duell géint déi däitsch U20. E Grupp vu jonke Borschten, déi op héijem Niveau agéieren awer nach net d'Erfahrung vu Gilles Braas, Chris Zuidberg a Co hunn.
Dammen
Kucke mer eis d' Lëtzebuerger Dammen un, stelle mer fest, datt de Kader alles anescht wéi konstant ass. Nodeems Nathalie Braas a Betty Hoffmann hiren Nationalekippstrikot un den Nol gehaangen hunn, musse Fabio Aiuto a Ben Angelsberg, alt nees eng Kéier, en Neiopbau ugoen.
Mat Carla Mulli, Cindy Schneider an Emma van Elslande ginn et awer och e puer Konstanten am Grupp. Och de Retour vum Julie Teso an der Pass dierft der Ekipp déi néideg Stabilitéit ginn, fir géint Irland an England matzehalen, woubäi Däitschland, um Sonndeg, de stäerkste Géigner dierft sinn.
Op RTL.lu ginn all d'Matcher am Livestream iwwerdroen.
Lass geet et e Freideg um 12.30 Auer mam Häre-Match tëscht Däitschland an England.