Vun e Freideg un a bis e Sonndeg nach mat ass am Gymnase vun der Coque déi 33. Editioun vum Novotel Cup fir Volleyball-Nationalekippen.

Männer

Däitschland (U20) - England 0:3

Um 1. Dag vum Match krut Däitschland et mat England ze dinn. Hei bleift ze ernimmen, dass Däitschland mat der U20 ugereest ass. D'Englänner hunn hinnen dann och keng Chance gelooss a setze sech kloer mat 3:0 duerch. Si wannen d'Sätz mat 25-17, 25-17 a 25-16.

Lëtzebuerg - Irland 3:0

Am Owesmatch um 20 Auer war et dunn de Match vun de Lëtzebuerger Häre géint Irland. Hei hat d'Lëtzebuerger Selektioun absolutt keng Problemer, sech däitlech duerchzesetzen. Mat engem kloren 3:0 hu se d'Iren dominéiert. Den 1. Saz ass mat engem 25-6 un d'Lëtzebuerger gaangen, do huet ee scho gesinn, a wéi eng Richtung et wäert goen. Am 2. Saz kruten d'Ire 4 Punkte méi, ma dee goung och un d'Lëtzebuerger (25-10). Am 3. Saz blouf et méi laang spannend, bis de Score vun 12-10 fir d'Lëtzebuerger. Duerno ass den Ecart awer nees méi grouss ginn an um Enn geet och den 3. Saz un d'Lëtzebuerger, mat 25-13.

Dammen

Däitschland (U19) - England 3:2

Um 15 Auer war et de Match tëscht Däitschland an England, woubäi déi däitsch Damme-Selektioun déi vun der U19 ass. Iwwerdeems den 1. Saz nach knapp mat 26-24 un England gaangen ass, huet Däitschland am 2. Saz kloer mat 25-13 gewonnen. Den 3. Saz war nees zimmlech serréiert, ma um Enn behalen d'Englännerinnen d'Nues vir a gewannen dëse mat 25-20. Duerno hunn déi däitsch jonk Dammen dunn awer de Spiess nees ëmgedréint. Si gewannen de 4. Saz mat 25-15 an den decisive 5. Saz geet mat 15-10 un Däitschland, wouduerch si um Enn mat 3:2 de Match fir sech entscheeden.

Lëtzebuerg - Irland 3:0

Am Uschloss war et dann um 17.30 Auer den éischten Optrëtt vun de Lëtzebuerger Dammen, déi et mat Irland ze di kritt hunn. Hei konnten d'Lëtzebuergerinne méi wéi iwwerzeegen, well um Enn war et e kloren 3:0. Den 1. Saz gouf mat 25-15 gewonnen, den zweete ganz däitlech mat 25-8 an den drëtte mat 25-17. Deemno en optimale Start an dësen Tournoi fir d'Lëtzebuerger Dammen.

All d'Matcher vum Novotel Cup ginn am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.