
© RTL Archiv
Um 1. Spilldag vun der zweeter Ronn gouf et am Match vun de Finaliste vum leschte Joer eng kloer Victoire fir Hueschtert/Folscht.
Déi aner zwou Partien, déi um Programm stoungen, ware méi spannend. An enger serréierter Partie gouf et e 5:5-Remis tëschent Recken an Houwald. D'Gäscht ware mat 5:3 a Féierung, mee den Opsteiger Recken konnt mat 2 Victoiren nach ausgläichen.
Éiter/Waldbriedemes huet sech knapp mat 4:6 géint Berbuerg misse geschloe ginn. Berbuerg hat an de knappe Sätz d'Nues meeschtens vir an huet duerch dës Victoire gutt Chancen, fir an d'Halleffinall vum Championnat ze kommen.
Am meeschte gelies