Zanter 2012 schwëmmt de Mykhailo Romanchuk reegelméisseg um Euro Meet. Allerdéngs ass de 6-fachen Europameeschter dëst Joer net an der beschter Verfassung.
Den Ukrainer huet eng Entzündung an der Schëller, an de Krich am Hannerkapp.
Am Shooting Star, dem iresche Schwëmmer Daniel Wiffen, hat de Romanshuk zolidd Konkurrenz op de 1500 Meter. Mat 1 Sekonn Avance gewënnt de Romanschuk. Et ass scho bal e Wonner, dass dat ukrainescht Nationalteam mat 12 Schwëmmer um Euro Meet ass.
D’Ukrainer hunn Topschwëmmer an hire Reien, um Beispill vum Denys Kesil ganz no um Meetrekord, allerdéngs hunn déi, déi am Land bliwwe sinn, komplizéiert Trainingskonditiounen. Déi wéinegst Schwämmen, wa se net zerbommt goufen, hu Waasser.

De Lëtzebuerger Schwëmmer feelt et net un Trainingsméiglechkeeten. Um Freideg koum d’Iwwerraschung vum jonke Joao Carneiro, dee sech fir d’A-Finall iwwert d’200 Meter Papillon qualifizéiert hat a fir d'B-Finall iwwert 50 Meter.
De Julien Henx, stoung nach ni um Euro Meet um Podium. Eng 4. Plaz, ass bis elo seng beschte Placéierung gewiescht. Um Freideg wollt den Athlet onbedéngt am 50 Meter Papillon ënnert déi 3 Bescht kommen. Hie gouf de Sechsten.
