Bei den Damme konnt sech den Tabelleleader kloer mat 3:0 géint Stengefort behaapten.

Am nationale Volleyballchampionnat war e Samschdeg bei den Dammen a bei den Hären den Optakt vum 13. Spilldag.

Hären

Bei den Hären huet den Tabelleleader Stroossen sech mat 3:0 géint Fenteng behaapt. D'Gäscht vu Fenteng hunn trotz enger staarker Leeschtung den éischte Véierel knapp mat 22:25 verluer. Duerno huet Stroossen näischt méi ubrenne gelooss a bleift no 25:15 a 25:17 an den zwee leschte Sätz weider mat sechs Punkte Virsprong un der Tabellespëtzt.

An den zwee weidere Matcher vum Owend gouf et och fir den Tabellenzweete Luerenzweiler eng 3:0-Victoire géint Iechternach an de VBC Esch muss sech mat 0:3 géint Bartreng geschloe ginn.

Resultater Hären

Dammen

Bei den Damme gouf et fir den Tabelleleader RSR Walfer eng kloer 3:0-Victoire géint de VB Stengefort. Schonn am éischte Saz huet sech d'Stäerkt vun der Lokalekipp gewisen, déi dëse mat 25:7 fir sech entscheede konnt. No 25:12 a 25:13 an de weidere Sätz ass de Match no 71 Minutte mat 3:0 op en Enn gaangen.

An der zweeter Partie vum Owend konnt Péiteng dann en 0:2-Réckstand an de Sätz dréinen an nach mat 3:2 géint Bartreng wannen.

Resultater Dammen