De VC Stroossen setzt sech mat 3:0 beim Verfolger Luerenzweiler duerch. Bei den Damme geet Walfer als Tabellenéischten an de Playoff.

Bei den Häre wéi bei den Damme stoung de 14. a leschte Spilldag virum Playoff um Programm.

Hären

Am Verfolgerduell tëscht Luerenzweiler a Stroossen setzt sech de Champion kloer mat 3:0 (25:23, 25:17, 25:19) duerch. Just am éischte Saz konnten déi Luerenzweiler dogéinthalen a waren am Saz 2 an 3 ouni Chance.

Am Match tëscht den zwee Tabelleleschten huet sech de VC Belair mat 3:1 (25:19, 22:25, 25:17, 25:15) géint Esch behaapt. Esch bleift domat mat engem Punkt Tabelleleschten, de Belair bleift Siwenten.

Am drëtte vum Samschdeg huet Bartreng mat 3:1 (25:20, 23:25, 25:19, 25:14) géint Iechternach gewonnen. Bartreng läit elo op Plaz 3, kann um Sonndeg awer nees vun Dikrech iwwerholl ginn.

De Spilldag gëtt e Sonndeg mam Match tëscht Fenteng an Dikrech komplettéiert.

Resultater Hären

Dammen

De Spëtzematch vum leschte Spilldag tëscht der Gym a Walfer geet un d'Dammen aus dem Uelzechtdall. Walfer behaapt sech mat 3:1 (25:10, 25:19, 25:27, 25:21) zu Bouneweg a geet soumat als Tabellenéischten an de Playoff.

Mamer huet sech mam souveränen 3:0 (25:20, 25:21, 25:15) géint Péiteng Plaz 2 geséchert, virun der Gym.

De Match tëscht Stengefort an Dikrech goung mat 3:2 (25:18, 26:24, 13:25, 26:28, 15:12) un de Chev Dikrech.

De Volley Bartreng hat keng grouss Probleemer mat Iechternach a gewënnt kloer 3:0 (25:15, 25:13, 25:12).

Resultater Dammen