D'Ekipp vum Houwald ka sech an der Finall mat 4:0 duerchsetzen a wënnt d'Coupe domat fir déi drëtte Kéier an der Veräinsgeschicht.
D’lescht Joer huet den DT Lénger am Championnat seng éischt grouss Finall an der Veräinsgeschicht gespillt. Deemools huet ee sech awer mat der zweeter Plaz missen zefridde ginn. E Sonndeg stoung mat der Coupe-Finall géint den Houwald déi zweet grouss Finall um Programm an déi Kéier wollt een et besser maachen.
Allerdéngs huet d’Finall schonns denkbar schlecht ugefaangen. D’Lénger Nummer 1, de Christian Kill, huet sech nämlech am éischte Match iwwerraschend mat 0:3 géint de Marc Dielissen misse geschloe ginn. De Spiller vum Houwald huet de Match komplett dominéiert a sengem fréiere Kolleeg aus der Nationalekipp keng Chance gelooss.
Um Dësch niewendrun huet sech eng weider Iwwerraschung ugedeit, déi Kéier awer zu Gonschte vu Lénger. Hei louch de Frane Runjic nämlech mat 2:0 géint den Tomas Koldas vir. Et war ee spektakuläre Match mat ville laangen a flotte Bällwiessel. D’Houwalder Nummer 1 huet de Match dann awer nach eemol spannend gemaach. De Koldas konnt nämlech d’Sätz 3 a 4 fir sech entscheeden an huet domat e 5. an decisive Saz forcéiert. An do sollt et nach méi batter komme fir Lénger, well och dëse Saz goung un de Koldas, esou datt den Houwald mat 2:0 a Féierung gaangen ass.
An der Suite gouf et e weidere Réckschlag fir Lénger. Hir Nummer 1 ass nämlech ausgefall an den Ersatzspiller, den Arlindo de Sousa, huet missen untrieden. Géint den Tomas Koldas hat de Routiner awer net all ze vill ze gutt an huet sech mat 0:3 misse geschloe ginn.
Deemno stoung op deem aner Dësch de Jim Cloos a sengem Match géint de Wang Xu mam Réck zur Mauer. Hien huet misse gewannen, wa Lénger nach eng Chance op den Titel wollt hunn. Ma och hie konnt d’Néierlag vu Lénger net méi verhënneren. Deemno wënnt den Houwald d’Coupe iwwerraschend kloer mat 4:0 géint Lénger. No 1946 an 2021 ass et déi drëtte Kéier, datt den Houwald d’Coupe gewënnt.
Bei den Damme wënnt Rued d'Coupefinall mat 4:2 géint Iechternach. Fir d'Damme vu Rued ass et déi 5. Kéier, datt si d'Coupe gewannen.