Bei engem internationalen Turnéier a Jordanien koum d'Lëtzebuergerin bis an den drëtten Tour.

Beim WTT Contender zu Amman gouf et fir d'Ni Xian Lian um Samschdeg an der Véierelsfinall eng 1:4-Néierlag géint d'Doo Hoi Kem aus Hongkong, déi aktuell Nummer 9 an der Weltranglëscht.

Déi 59 Joer al Lëtzebuergerin konnt just den drëtte Saz fir sech decidéieren, hat an den anere Sätz awer keng Chance géint hir Géignerin. D'Ni Xian Lian ass aktuell als 39. an der Weltranglëscht klasséiert.