Nadia Mossong zitt ee Schlussstréch ënnert hir Karriär

Viru ronn enger Woch huet d'Lëtzebuerger Dammebasket-Nationalekipp mat 51:109 géint Italien verluer. Fir eng Spillerin war dës Partie awer ganz besonnesch.
D'Nadia Mossong zitt no 19 Joer ee Schlussstréch ënnert hir Karriär bei der Nationalekipp. Wéi et elo bei der Spillerin vum T71 weidergeet, seet eis de Sam Rickal.Iwwert de Karate ass d'Nadia Mossong am Alter vun 10 Joer bei de Basket komm. No Statiounen an Amerika oder och ënner anerem an Italien, der Belsch an an Däitschland zitt d'Kapitänin ee Schlussstréch ënnert hir Karriär bei der Nationalekipp. 26 Joer duerno läit de Fokus net méi just um Basket.
"19 Joer ass eng laang Zäit. Et war schéin, mee iergendwann kënnt de Punkt, wou och esou Saache mussen ophalen. Ech fänken u méi al ze ginn, et kann een net méi alles matmaachen. Ech schaffen, ech spillen am Club, 3x3 an Dammen-Nationalekipp. Elo ass de Punkt komm, wou ech eppes hu misse fort fale loossen an an deem Fall ass et d'Dammen-Nationalekipp."
D'Goldmedail bei de Spiller vu de klenge Länner 2013 hei zu Lëtzebuerg oder och 2015 an Island gehéieren zu hire schéinsten Erënnerungen an der Nationalekipp. Ob d'Nadia Mossong zum Schluss vun der Saison och mam nationale Basket wäert ophalen, steet nach net fest.
"Ech muss soen, ech sinn nach net ganz decidéiert. Ech kucken dat vu Saison zu Saison, wéi ech mech da kierperlech a mental fillen. Ech gesinn, datt ech nach mathale kann, mee et ass trotzdeem ee groussen Investment vun Zäit. Wann een dat op engem gudde Niveau wëll maachen, da muss ee wierklech engagéiert sinn. Dofir loossen ech mir nach e bëssen Zäit, fir dat ze decidéieren."
Ier d'Nadia Mossong sech dann d'Gedanken iwwert d'Basket-Pensioun um Enn vun der Saison wäert maachen, spillt si mam T71 Diddeleng e Samschdeg awer fir d'éischt doheem géint Sparta Bartreng.