
© AFP
An der Coupe am Volleyball sinn e Samschdeg bei den Dammen a bei den Hären eng Partie Véierelsfinalle gespillt ginn.
Nodeems Stroossen den éischte Saz géint Iechternach verluer huet, huet de Champion opgedréint an dem Géigner keng Chance méi gelooss. Um Enn heescht et soumat 3:1 (22:25, 25:13, 25:14, 25:20) fir déi Stroossener, déi sech souverän fir d'Halleffinall vun der Coupe qualifizéieren.
D'Resultater vun den Hären
Am Spëtzematch bei den Damme setzt Mamer sech mat 3:1 (25:14, 25:18, 16:25, 25:16) géint Walfer duerch. Nodeems Mamer déi éischt Sätz fir sech entscheede konnt, konnt den aktuelle Champion nach verkierzen. Déi Mamer Spillerinnen hunn et awer net zu engem decisive 5. Saz komme gelooss, soudass Walfer aus der Coupe eliminéiert ass a Mamer an der Halleffinall steet.
Péiteng louch géint d'Gym zweemol an de Sätz a Féierung, ma et geet trotzdeem net duer, fir an d'Halleffinall anzezéien. D'Gym konnt nämlech déi lescht 2 Sätz gewannen, soudass et um Enn 2:3 (33:31, 16:25, 26:24, 17:25, 5:15) aus Péitenger Siicht heescht.
Fenteng huet sech doheem no engem 0:2-Réckstand géint Dikrech staark zréckgekämpft an nach op 2:2 egaliséiert. Den entscheedende Saz sollt awer un Dikrech goen, woumat och déi d'Partie 2:3 (20:25, 17:25, 25:23, 26:24, 10:15) ausgeet.