Am Volleyball stoungen e Samschdeg an e Sonndeg den 2. Spilldag vun den Halleffinallen am nationale Championnat um Programm.

Hären

An der eenzeger Halleffinall vum Samschdeg huet de Chev Dikrech sech an enger enker Partie misse mat 1:3 (25:22, 23:25, 23:25, 17:25) géint de Favorit vu Stroossen geschloe ginn. Nodeems Dikrech a Féierung gaangen ass, konnt Stroossen déi nächst 2 Sätz knapps fir sech decidéieren, éier si der Lokalekipp am leschte Saz keng Chance méi gelooss hunn. No der Victoire um 1. Spilldag sinn déi Stroossener domadder fir d'Finall vum Championnat qualifizéiert.

E Sonndeg gouf dann déi zweet Halleffinall tëscht Bartreng a Luerenzweiler gespillt. Do hat Luerenzweiler den éischte Match doheem mat 3:1 fir sech entscheet an am zweete Match konnt Bartreng sech doheem 3:2 (26:25, 19:25,25:22, 19:25,15:13) duerchsetzen. Domadder muss tëscht béiden Ekippen den drëtten an decisive Match gespillt ginn.

Am Playdown konnt Iechternach sech mat 3:1 (25:21, 33:35, 25:22, 25:18) géint Esch duerchsetzen, wärend Fenteng dem VC Belair beim 3:0 (25:21, 25:20, 28:26) keng Chance gelooss huet.

Resultater Hären

Dammen

Nodeems d'Gym sech um 1. Spilldag mat 3:1 zu Mamer duerchgesat hat, konnt sech d'Lokalekipp och um Samschdeg behaapten a mat 3:0 (25:19, 25:17, 25:16) géint Mamer gewannen. D'Gym ass domat och scho fir d'Finall qualifizéiert.

An der zweeter Halleffinall vum Dag konnt Péiteng deen éischte Saz doheem géint de Favorit aus Walfer fir sech entscheeden. An der Suite huet Walfer sech nees zréck gekämpft an der Lokalekipp keng Chance méi gelooss. Um Enn heescht et 1:3 (25:19, 18:25, 19:25, 9:25), woumat och Walfer an d'Finall anzéie kann.

Am Playdown konnt Stengefort sech um 2. Spilldag mat 3:1 (25:14, 25:19, 22:25, 25:13) géint Dikrech duerchsetzen an e Sonndeg konnt Bartreng 3:0 (25:14, 25:18, 25:16) géint Iechternach gewannen.

Resultater Dammen